Um Méinden krut eis Permanence d’Meldung, dat eng Persoun tëschend engem Auto an der Mauer ageklemmt wier. Op der Plaz ukomm war d’Persoun schon vun der Police befreit gin. Et huet sech erausgestallt dat d’Persoun den Auto virun der Dier ofgestallt hat, an wahrscheinlech heibäi d’Handbrems net fest genuch gezunn hat. Den Auto ass dun gerullt komm an d’Persoun tëscht sech an der Mauer ageklemmt.
D’Persoun gouf mat der Ambulanz an d’Spidol bruecht.
Op der Plaz war d’Permanence vu Rëmeleng, den Sauvetage an d’Ambulanz vu Käl, den SAMU an d’Police.